Bamboo and Cotton

Bamboo and Cotton Stoffwëndelberodung / consultations en couches lavables / cloth diaper consultant

Wëllkomm op der Säit vun Bamboo & Cotton, ärer Stoffwëndelberodung am Norden vum Land. Ech sinn dervun iwwerzeegt, dass all Famill en klengen Bäitrag derzou leeschten kann, eis Ëmwelt ze schounen. Wien matt Stoff wéckelt, erspuert eiser Natur iwwer eng Tonn Plastik pro Wéckelkand. Modern Stoffwëndelen sinn dobäi nët nëmmen ëmweltfrëndlech, se sinn och ganz hautfrëndlech fir kleng Dokëssen an se ge

sinn en plus ultra schick aus (an spueren deet een och nach derbäi). Ech wëll dozou bäidroën, ärem Butz en méiglechst natierlechen Start an d'Liewen ze bidden an stinn iech berodend zur Säit fir alles wat d'Thema Stoffwëndelen betrefft. Ech fréen mech drop, iech an déi faarweg Welt vun den Stoffwëndelen anzeféieren! Bienvenue sur la page de Bamboo&Cotton, votre conseillère en couches lavables au nord du Grand-Duché. Je suis convaincue que chaque famille peut contribuer à la préservation de notre environnement. En utilisant des couches lavables, vous réduisez vos déchets en plastics de manière considérable: plus d'une tonne de couches jetables par enfant. Mais les couches lavables modernes ne font pas que réduire notre empreinte écologique: elles sont idéales pour les peaux sensibles de bébé et en plus elles sont ultra chouettes (sans parler des économies que l'on fait en évitant les couches jetables). Dès ses premiers jours, vous voulez offrir une vie saine et naturelle à votre enfant. Je voudrais pouvoir y contribuer en étant à votre disposition pour toute question que vous pourriez avoir en matière de couches lavables. Je me réjouis déjà de pouvoir vous emmener dans le monde haut en couleurs des couches lavables!

‼️ 𝐋𝐢𝐪𝐮𝐢𝐝𝐚𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐝𝐞 𝐬𝐭𝐨𝐜𝐤: 𝟑𝟎-𝟓𝟎 % 𝐨𝐩 𝐚𝐥𝐥𝐞𝐬 ‼️Léiw alleguer,Aus Zäitgrënn hun ech leider missten d’Entscheedung treffen, l...
14/11/2020

‼️ 𝐋𝐢𝐪𝐮𝐢𝐝𝐚𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐝𝐞 𝐬𝐭𝐨𝐜𝐤: 𝟑𝟎-𝟓𝟎 % 𝐨𝐩 𝐚𝐥𝐥𝐞𝐬 ‼️

Léiw alleguer,

Aus Zäitgrënn hun ech leider missten d’Entscheedung treffen, lues a lues d’Vente bei Bamboo and Cotton anzestellen. Berodungen kënnen op Rvs nach ëmmer gebucht ginn.

Ech soën all ménge léiwe Clienten aus de läschte Joëren villmools Merci fir déi wonnerbar Ënnerstëtzung.

Ech wollt iech awer och informéieren, dass e groussen Deel vun den Artikelen, notamment déi beléiwten Pop In Wëndelen, ab ëlo bei GreenFox ze fannen sinn.

De Rescht vum Stock dierf ëlo zu gudde Konditiounen ënner d’Leit!!

An de Fotoen hei drënner fannd dir déi Saachen, déi nach ze kréie sinn, alles ass erofgesat.

Bestellungen oder Nofroen kënnt dir gaer iwwer dese Wee erareechen.

29/10/2019

💚

Bei GreenFox gett et e Gewënnspill 🤩
04/04/2019

Bei GreenFox gett et e Gewënnspill 🤩

⭐Gewënnspill⭐

Et gett heisch Zait fir een Gewënnspill!

Ze gewannen gett et een Mini Wetbag vun Windelzauberland -Feelia.
Ob fir Stoffy's, Schwammsaachen oder naass Kleeder ennerwee dranzemaachen.

Wei kennt dir matmaachen?

Ganz einfach!

💚 👍 d'Sait vum Greenfox hei um Fb oder G.reenfox op Insta
💚 👍 desen Kommentar
💚 Kommenteier dese Beitrag, andeems dir mir soot weieen Wetbag dir am leifsten gewannen wellt. Rings of Ruby oder Puss in boots?
💚Markeiert eng Persoun déi och bei desem Gewënnspill matmaachen soll.

Wei emmer sinn ech och frou wann desen Beitrag gedeelt gett.

D'Gewënnspill hud neischt mat Facebook zedin an leef nach bis haut den 4. Abrëll '19 bis 23.59.

Merci un Jiddereen deen matmeescht an mech biswell irgendwei ennerstetzt hud😘😘!

Nei Elteren ënnerstëtzen duerch eng finanziell Bäihëllef fir Stoffwëndelen: fir Berodung an/oder Verkaf ginn et vun den ...
22/03/2019

Nei Elteren ënnerstëtzen duerch eng finanziell Bäihëllef fir Stoffwëndelen: fir Berodung an/oder Verkaf ginn et vun den Gemengen aus dem Naturpark Oewersauer 80€.

Manner Knascht, méi gënschteg a méi Gesond fir d’Puppelcher. Merci fir des wonnerbar Starthëllef!

🍀🍀Stoffwëndelsubside an de Gemengen vum Naturpark Uewersauer 🍀🍀Et ginn wonnerbar Neiegkeeten: d’Gemengen vum Naturpark Ö...
01/03/2019

🍀🍀Stoffwëndelsubside an de Gemengen vum Naturpark Uewersauer 🍀🍀

Et ginn wonnerbar Neiegkeeten: d’Gemengen vum Naturpark Öewersauer hun sech op e Subside vun max. 80€ geeenegt fir Elteren beim Kaf vu Stoffwëndelen an/oder dem Finanzement vun enger Berodung ze ënnerstëtzen. Dat ass eng super Entwécklung an et freed eis ganz besonnesch, dass hei direkt e puer Gemengen sech op de Wee gemaach hun, jonk Familljen aktiv ze ënnerstëtzen wann et em Plastik- an Offallvermeidung geet.

En interessanten Artikel (op Englesch) dozou fannd dir hei:

http://delano.lu/d/detail/news/more-communes-subsidise-reusable-nappies/203406?fbclid=IwAR05Z6R6QZgPsFVz-QnDz6NlsgY4Zc4gV8qlH_Whenxyr6t-nEFch0LAbW4

Konkret zBsp fir d’Commune de Wiltz gesinn d’Bäihëllefen allgemeng folgendermoossen aus:

https://www.wiltz.lu/media/5c4ec1636ad8c_beihilfe-fu-r-energieeffizienz-und-erneuerbare-energien_jan19.pdf

The Upper Sûre nature park seems to have taken a lead from Mamer and is establishing a subsidy programme tied to the use of reusable nappies. 

19/02/2019

💚

De Stock ass erem e bëssen opgefëllt 🍀Ënner anerem sinn nei Bambus Sets derbäi komm, an och Bambus to go Becheren (matt ...
23/11/2018

De Stock ass erem e bëssen opgefëllt 🍀

Ënner anerem sinn nei Bambus Sets derbäi komm, an och Bambus to go Becheren (matt Deckel) sinn erem do. Ausserdem newborn Wendelen (eenzel an am Set), Wëndelen an Gréisst 3 fir e bësse méi grouss Kanner, awer och Sitzschoner fir den Autossëtz.

Schéin wann déi jonk Generatioun sech där Saach unhëllt. Iwwregens... u Stoffwëndelen ass iwwregens och geduescht ginn a...
11/10/2018

Schéin wann déi jonk Generatioun sech där Saach unhëllt. Iwwregens... u Stoffwëndelen ass iwwregens och geduescht ginn am grénge Wahlprogramm 🙃

« Ech kréien deck gäre meng Reegel a bezuelen och nach vill Steieren drop » - huet nach ni eng Fra gesot! Haut um Weltmeederchersdag ass et eis dofir wichteg kloerzestellen, dass alleguerten d’Hygiènesproduite wei Binden an Tampone keng Luxusartikele sinn an endlech ënnert de reduzéierte Steiersaz fale sollen, wéi och all déi aner « produits de première necessité »! Zousätzlech fuerdere mir och dass Verhiddungsmëttel wéi zum Beispill Kondomer oder d’Pëll solle gratis sinn.

Als jonk gréng ass et eis awer och wichteg drop opmierksam ze maachen, datt et am Beräich vun den Hygiènesartikelen och ökologesch Alternative ginn. Sou kann een zum Beispill Menstruatiounstaassen oder Stoffbinden a -wëndelen verwenden, déi auswäschbar sinn an doduerch Käschten an Offall drastesch reduzéiere kënnen. Merci eisen opmierksame Follower_innen déi eis drop higewisen hunn, datt dat an eisem Post virdru gefeelt huet!

Um Do it yourself Festival zu Wooltz 💚Kommt eis besichen, bréngt Saachen matt déi dir net méi braucht: Kleeder, Bicher, ...
16/09/2018

Um Do it yourself Festival zu Wooltz 💚

Kommt eis besichen, bréngt Saachen matt déi dir net méi braucht: Kleeder, Bicher, Spillsaachen...
Léiert Waeschmettel selwer maachen, loosst iech Saache flécken an, natierlech, kommt iech iwwer d’Wéckele matt Stoff informéieren.

12/09/2018

Mom at work.

Wann dee Puppeli do och nach eng stylesch Béxi ugehat hätt 😍

Dem Naturpark Öewersauer e  grousse Merci, dass mir bei deser Editioun vum Maart a Musik konnten derbäi sinn.Et wor ee g...
08/09/2018

Dem Naturpark Öewersauer e grousse Merci, dass mir bei deser Editioun vum Maart a Musik konnten derbäi sinn.

Et wor ee gelongenen Owend an et waren vill interesséiert Leit um Stand. Sou vill Leit, déi sech fir plastikfrai interesséieren, déi hier eege Kierfercher derbäi haten, an déi Flyeren mattgeholl hun, fir bei Kollegen e bësse Reklamm fir Stoffwëndelen ze maachen.

Wierklech schéin war et 🍀

Adresse

11, An Der Gaass
Erpeldange-lès-Wiltz
9648

Heures d'ouverture

Lundi 09:00 - 13:00
Jeudi 09:00 - 12:00

Téléphone

00352 691 47 25 70

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bamboo and Cotton publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager